Subventioune vir lokal Veräiner

Artikel 1 - Grondtarif

Fir de Grondtarif vun de järleche Subside festzeleeën, ginn déi lokal Veräiner an aacht (8) verschidde Kategorien agedeelt.

De Montant vum Grondtarif pro Kategorie vum Veräin stellt sech wéi follegt duer:

Typ vum Veräin Betrag
1 KULTURVERÄINER MUSEK 2 500,00 €
2 KULTURVERÄINER CHORALE 600,00 €
3 DÉIEREVERÄINER
300,00 €
4 SPORTVERÄINER (CHAMPIONNAT)
1 800,00 €
5 SPORT- A FRÄIZÄITVERÄINER
250,00 €
6 SOZIAL KULTURVERÄINER
500,00 €
7 FINANZÉIERT VERÄINER OUNI SUBSIDE
0,00 €
8 PRÄVENTIOUNS- A SÉCHERHEETSVERÄINER
2 500,00 €

Artikel 2 - Zousätzlech Kategorien

Nieft de Kategorien, déi fir d’Definitioun vun de Grondtariffer déngen, ass eng zousätzlech Kategorie virgesinn, fir follgend Aktivitéiten ze subventionéieren:

  • Ukaf vu Museksinstrumenter (op Virlag vu Rechnungen);
  • Service Éierewäin;
  • Empfangsservice Kleeserchersdag;
  • Cortège Kleeserchersdag;
  • Organisatioun vun den «Portes ouvertes» vun de «Frënn vum 3ten Alter» (op mannst 3 Portes ouvertes pro Joer);
  • Asammele vu Chrëschtbeemercher;
  • Concerte, ofwiesselnd vun de lokale Chorallen ugebueden, um Commemoratiounsdag;
  • Participatioun vun enger Delegatioun vu mindestens 3 Memberen un der Aktioun «Grouss Botz»;
  • Neigrënnung vun engem Veräin oder Club;
  • Deplacementer a Manifestatiounen am Ausland 1x/J. (Ausstellungen, Sportsturnéier, kulturell Concerten) op Virlag vun Noweiser bei der Ufro vu Subsiden.

D’Oplëschtung vun de Subside vun der zousätzlecher Kategorie stellt sech wéi follegt duer:

Aktivitéit Betrag
Museksinstrumenter
2 500,00 €
Service Éierewäin
1 000,00 €
Empfangsservice Kleeserchersdag
250,00 €
Cortège Kleeserchersdag
250,00 €
3 Portes ouvertes (Frënn vum 3. Alter)
300,00 €
Asammele vu Chrëschtbeemercher
(opgedeelt op max. 3 Tournéeën oder ofwiesselnd)
300,00 €
Chorale: Kommemoratiounsdag
250,00 €
«Grouss Botz» (Delegatioun vu min. 3 Memberen)
200,00 €
Neigrënnung vun engem Veräin oder Club
200,00 €
Deplacementer a Manifestatiounen am Ausland 1x/J. (Ausstellungen, Sportsturnéier, kulturell Concerten) – Demande mat Beleeg 500,00 €
Pedagogesch Hëllef 1x/J. (Aktivitéite fir Crèchen, Schoulen a Maison Relais) 250,00 €

Artikel 3 - Zousätzlech Kategorie : Nationalfeierdag

Nieft den am Artikel 2 vum aktuelle Reglement opgelëschte Kategorien ass eng zousätzlech Kategorie virgesinn, fir d’Zesummenaarbecht bei der Organisatioun vum Nationalfeierdag ze subventionéieren, an zwar:

  • Sécherheet ;
  • Chorale - Te Deum ;
  • Caissë (fixen Horaire vun 19:30 - 03:15) ;
  • Crémant-Bar (fixen Horaire vun 19:30 - 03:15) ;
  • Frittebud + Grill (fixen Horaire vun 19:30 - 03:15) ;
  • Gedrénksverkaaf (fixen Horaire vun 19:30 - 03:15);

D’Oplëschtung vun de Subside fir d’Mathëllef bei der Organisatioun vum Nationalfeierdag stellt sech wéi follegt duer:

Aktivitéit Betrag
Sécherheet
350,00 €
Cortège + Concert 250,00 €
Chorale – Te Deum 250,00 €
Caissë
500,00 €
Crémant-Bar
500,00 €
Friterie + Grill 1 200,00 €
Gedrénks (pro Stand)
600,00 €
Spullweenchen 600,00 €

Artikel 4 – Critèren, déi fir all lokal Veräiner gëllen

Déi follgend Critèrë gëlle fir all lokal Veräiner:

  • Supplement fir d’Aarbecht mat Jonke pro aktivem Member mat Wunnsëtz an der Gemeng Réiden/Atert bis zu engem Maximalalter vun 18 Joer inklusiv. Als Beleeg muss eng Kopie vun der Identitéitskaart respektiv der Sozialversécherungskaart oder der Sportlizenz agereecht ginn: 30 €;
  • All Veräi muss eng Bezéiung mat der Gemeng Réiden-Op der Atert hunn.

Artikel 5 – Sportveräiner, déi u Championnater deelhuelen

  • Et gëtt eng zousätzlech Subventioun pro Equipe verginn.
  • Et gëtt och eng Subventioun pro opgestigener Equipe verginn.
  • Et gëtt eng järlech zousätzlech Subventioun fir den Ukaf vun Uniforme verginn.
  • All nei Uniform muss de Logo vun der Gemeng Réiden-op-der-Atert droen.

D’Iwwersiicht vun de weider  Subventioune vir Sportveräiner stellt sech wéi follegt duer:

Aktivitéit Betrag
Subventioun pro zousätzlecher Equipe 100,00 €
Subventioun pro opgestigener Equipe 100,00 €
Ukaf vun Uniformen 1 000,00 €

Artikel 6 – Kulturell Veräiner – Chéier

Eng zousätzlech Subventioun gëtt u Chéier verginn, déi kee reliéise Gesank praktizéieren (minimal 1 Mass pro Joer – nozeweisen duerch bspw. een Auszuch aus dem Bulletin vun der Por) duerch Concerten oder ëffentlech Optrëtter (minimal 1 pro Joer), nozeweisen duerch Prospekter, Affichen, Flyeren, Invitatiounen, asw.: 400 €.

Artikel 7 – Kulturell Veräiner – Museksveräiner

Eng zousätzlech järlech Subventioun fir den Ukaf vun Uniforme gëtt deene Veräiner accordéiert, déi de Logo vun der Gemeng op dësen Uniformen droen.

D’Iwwersiicht vun de weidere Subventiounen, déi de Museksveräiner zougestane ginn, stellt sech wéi follegt duer:

Aktivitéit Betrag
Ukaf vun Uniformen 1 000,00 €

Artikel 8 – Subsiden- a Participatiounsufro

All Joer, am Laf vum Mount Juli, ginn d’Formulairë vir d’Subsidenufroen vun der Gemeng Réiden/Atert un déi verschidde lokal Veräiner geschéckt.

De leschten Delai fir d’Areechung ass den 1. September vum lafende Joer.

D'Formulairë mussen zu där genannter Frist un d'Gemengesekretariat zeréckgeschéckt ginn, per recommandéiertem Bréif oder matt Empfangsbestätegung.

Ufroen, déi no där Frist oder onvollstänneg erakommen, ginn net a Betruecht gezunn.

Artikel 9 – Ëmsetzung

Déi nei Krittäre vir d’Zoudeelung vun den alljärleche Subsiden un d’lokal Veräiner gi fir d’éischte Kéier bei der Zouweisung vun de Subside fir d’Joer 2023 applizéiert.