Baugenehmegungen

Baugeneemegung

Onofhängeg vun de gesetzleche Bestëmmungen, déi am Moment gëllen, ass eng speziell Geneemegung erfuerderlech:

  • fir all nei Konstruktioun
  • fir all Demolitioun
  • fir all Vergréisserungen, Héichsetze vun Diecher an Transformatioune vun existente Gebaier, souwéi fir all aner Ännerungen un de baussenzege Maueren, droende Strukturelementer, Daachkonstruktiounen oder um Niveau vun der Notzung vun de Raimlechkeeten
  • fir d’Erneierung vu Fassaden
  • fir d’Installatioun vun Iwwerdiecher, Markisen, Luuchten an Affichëplacken laanscht ëffentlech Stroossen a Plazen
  • fir d’Opriichte respektiv d’Ännerung vun all Zorte vu Clôturë laanscht ëffentlech Stroossen oder aner Weeër
  • fir de Bau vu Pëtz, Waasserzëttäre, Fuddersiloe, Mëschte- a Piffkaulen
  • fir Aarbechten am Zesummenhang mat Ausgruewungen oder Opschëddungen a de Bau vu Stëtzmaueren
  • fir den Amenagement vu private Stroossen oder Trottoiren
  • fir d’Installatioun vu Reservoiren, déi fir d’Stockéiere vu flëssege Brennstoffer oder chemesche Produkter geduecht sinn
  • fir de Bau vu Schwämmen an aner Waasseranlagen

Deklaratiounspflicht

Fir déi hei ënnendrënner opgelëscht Aarbechte gëllt nëmmen eng Deklaratiounspflicht:

  • gréisser Ënnerhaltsaarbechten un de Gebaier
  • d’Montage an d’Transformatioun vun Heizungsanlagen a Gasinstallatiounen, inklusiv Waarmwaasserboilere

 

Fir weider Informatiounen, kontaktéiert wgl. den technesche Service.

Nëtzlech Linken