Energieatelier
11 Grand-rue, L8510 Redange/Attert
Tél.: +352 28 33 4430
E-Mail : primes@kanton-reiden.lu
Natura2000
Kontakt : Dan Petry
43 Grand-rue, L8510 Redange/Attert
Tel.: 26 62 08 08 27
E-Mail : natura2000@attert.com
D’Gemeng ass zënter 2019 Member am Pilotcomité Natura 2000 Atert-Warkdall (COPIL).
Dëse Comité ass zoustänneg fir d’Gestioun vun am Ganzen 9 Natura-2000-Siten. En ass zesummegesat aus Vertrieder vu verschiddenen Institutiounen, dorënner déi 17 Membergemengen am COPIL, d’Administratioun vun der Natur a Bësch, d’Waasserwirtschaftsverwaltung, de SICONA, Natur&Ëmwelt an d’Maison de l’Eau de l’Attert asbl.
D’Zil vum COPIL ass et, déi lokal, kommunal a regional Acteuren zesummenzebréngen, fir d’Ëmsetzung vun de Gestiounspläng Natura 2000 ze plangen a ze koordinéieren. Den COPIL déngt och als Plattform fir den Austausch tëscht allen Acteure, déi vum Naturschutz betraff sinn.
Am Kader vum COPIL ass d’Plaz vun engem Natura-2000-Animator geschaf ginn, dee wéi de COPIL säi Sëtz an der Maison de l’Eau de l’Attert huet.
Hien ass den éischten Uspriechpartner an déi zentral Kontaktpersoun fir Natura 2000 an déi 17 Membergemengen vum COPIL.
Maison de l'eau
Kontakt : Patrice Verscheure a Pierre Jaaques
43 Grand-rue, L8510 Redange/Attert
Tel.: 26 62 08 08
E-Mail : maison.eau@attert.com
Web : www.attert.com
Zënter 2001 ass d’Gemeng Member vum Flossvertrag Attert.
Dëse Vertrag huet sech zum Zil gesat, d’Waasserleef am Attert-Drénkwaasserbassin besser ze schützen.
D’Maison de l’Eau ass d’asbl, déi dëse Flossvertrag betreit. Si huet hir Büroen an der Infostuff zu Réiden, wou si Iech an de follgende Beräicher berode kann :
- Qualitéit vum Drénkwaasser a Gestioun vum Reewaasser
- Blummewisen a Konzepter vun natierleche Gäert
- Gestioun vun de Waasserleef a Planifikatioun vun Aménagementsprojeter
- Pädagogesch Aktivitéiten (Féierungen & Erklärungen zu Wëldkräider)
- Thematesch Spadséierweeër
SICONA
12 rue de Capellen, L8393 Olm
Tél.: +352 26 30 36 25
E-Mail : administration@sicona.lu
Web : www.sicona.lu