Virstellung vum Léierpersonal
Léif Elteren, léif Erzéiungsberechtegt,
Am schouleschen Alldag ginn d’Schoulkanner vun hirem jeeweilegen Titulaire de classe a vun ee bis zwee Surnumerairen an de Klasse betreit.
Den Titulaire ass Äre wichtegsten Uspriechpartner a schafft net nëmme mat de Surnumerairen vun der Klass zesummen, mee och an engem Team. Déi sougenannten „équipes pédagogiques“ sëtzen sech aus all den Titulairen a Surnumerairen aus engem Zyklus zesummen. A reegelméissegen Ofstänn versammelt sech „d’équipe pédagogique“, fir sech iwwert gemeinsam Léieraktivitéiten, Projeten, Differenzéierungsmoossnamen asw. ze beroden an hält all Beschloss schrëftlech a Form vun engem Rapport fest, dee vum Coordinateur de Cycle versuergt gëtt. Duerch Decisioun vun der „équipe pédagogique“ kann eng Schülerin oder e Schüler, déi/deen no engem Joer d’Léierziler vum Zyklus erreecht huet an den nächsten Zyklus opgeholl ginn. Duerch Decisioun vun der "équipe pédagogique" kann eng Schülerin oder e Schüler en zousätzlecht Joer am Zyklus verbréngen, fir him d'Méiglechkeet ze ginn déi Ziler z'erreechen, déi fir d'Enn vum Zyklus definéiert sinn (Art. 23 Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwert d’Organisatioun vum Enseignement fondamental.
No Art. 1 vum Reglement grand-ducal vum 27. Abrëll 2009 huet all pädagogesch Equipe vun engem Léierzyklus follgend Missioune:
- d’Léieren an d’Ëmsetzung vun der Differenzéierung esou z’organiséieren, datt d’Dispositiounen aus dem Léierplang an d’Ziler vum Plang fir de Schoulsuccès op Klassenniveau ëmgesat ginn;
- wann néideg an op kuerz Dauer, d’Opdeelung vun de Schüler aus engem Zyklus a Léiergruppen no Besoin, Projet oder Interêt mat variabeler Zesummesetzung ze organiséieren, esou dass vir all Kand vir optimal Léierbedéngungen gesuergt ass;
- d’Léieraktivitéiten an d’Stonne fir d’Ënnerstëtzung no de Besoine vun de Schüler am Zyklus ënnert den Team-Memberen opdeelen;
- Evaluatiounssituatiounen auszeschaffen an ëmzesetzen;
- d’Leeschtunge vun de Schüler ze evaluéieren;
- d’Elteren iwwert d’Organisatioun an d’Evaluatioun vun de Léierprozesser z’informéieren;
- a Consultatioun mat de Membere vun der pädagogescher Equipe vun de virege respektiv nächste Léierzyklen Strategië fir eng kontinuéierlech Betreiung fir déi Schüler auszeschaffen, déi entweder en Avance oder e Retard am Verglach zu de Kompetenzen hunn, déi am virgesinne Kader solle geschafft ginn;
- sech mat Vertrieder vum multiprofessionellen Team ofzeschwätzen, besonnesch fir d’Encadrement vu Schüler mat engem individuelle Betreiungsplang z’organiséieren an hire Suivi ze garantéieren;
- sech mat Memberen aus dem Personal vun der Maison Relais fir Kanner ofzestëmmen, fir d’Kohärenz vun de Léierprozesser ze sécheren an, wann et ubruecht ass, gemeinsam d’Hausaufgabebetreiung z’organiséieren; […]
Mat Iech zesumme suerge mir dofir, datt Är Kanner vun engem eenheetleche pädagogesche Kader profitéiere kënnen.
Zyklus 1
Vun lénks no riets:
Natascha Wies (C1B), Annette Schroeder (C1A, Komiteesmember), Tanja Antony (Surnuméraire C1), Stephanie Marques (C1C, Remplaçante), Laura Wagner (C1D, Zykluskoordinatorin), Marylène Pirson (C1 Precoce), Diane Oesch (C1 Precoce), Mireille Mulheims (Eseb), Monique Jacoby (Eseb), Carine Frieseisen (IEBS).
Zyklus 2
Vun lénks no riets:
Claire Salentiny (Surnuméraire C2, Remplaçante), Benoît Arendt (C2.2B), Diana Gonçalves (Surnuméraire C2.1A, Präsidentin vum Schoulkommitee), Sabrina Giannini (C2.1B), Maryse Reding (C2.1B), Véronique Thill (Surnuméraire C2.2), Conny Thilmany (C2.2A, Zykluskoordinatorin), Carine Frieseisen (IEBS), Johny Paiva (C2.1A / Kommiteesmember).
Zyklus 3
Vun lénks no riets:
Pascale Mamer (Eseb), Viviane Brachmond (Surnuméraire C3), Claire Salentiny (Surnuméraire C3, Remplaçante), Lydie Antony (C3.2A), Anna Thies (Surnuméraire C3), Désiré Schiltz (C3.2B, Zykluskoordinatorin), Sandra Heirens (C3.1B), Carine Frieseisen (IEBS), Luc Mergen (C3.1A, Kommiteesmember), Nicolas De Santis (Surnuméraire C3.1A).
Zyklus 4
Vun lénks no riets:
Eric Schrantz (C4.1A), Michèle Hansen (Surnuméraire C4), Anna Thies (Surnuméraire C4), Anne Schoetter (C4.2A, Kommiteesmember), Marie Meyer (C4.1B), Yves Van Oekel (Surnuméraire C4, Remplaçant), Raoul Schmit (C4.2B, Zykluskoordinator), Carine Frieseisen (IEBS).