Drénkwaasser

Waasserbehandlung

Beim Transport vun der Source  bis bei de Krunn vum Konsument kann d’Waasser Verännerunge vu senger Qualitéit duerchlafen, souwuel am Verdeelungsnetz wéi och – an nach méi – an de Leitunge vu Gebaier.

Fir de "ze héije" Kalleksgehalt am Waasser ze eliminéieren oder ze stabiliséieren, fir esou mëllt Waasser ze kréien, gëtt probéiert seng Qualitéit duerch den Asaz vu speziellen Apparater fir d’Behandlung oder d’Konditionéierung ze "verbesseren". Et schéngt dofir ubruecht hei e puer Recommandatiounen ze ginn, fir Feeler aus der Vergaangenheet ze vermeiden. Dës Recommandatiounen hunn zwar net den Usproch all Korrosiounsfall ze verhënneren, mee kënnen dozou bäidroen, se an engem grousse Mooss ze reduzéieren.

Fir sech fir eng Waasserbehandlung ze entscheeden, ass et wichteg d’chemesch Zesummesetzung vum Waasser ze kennen, virun allem d’Häert, fir sou mat vollem Wëssen iwwer d’Noutwendegkeet oder d’Opportunitéit vun enger Behandlung ze entscheeden.


Praktesch Rotschléi fir Drénkwaasser ze spueren

  • Defekt Krunnen a Dichtungen ersetzen
  • Duschen anstatt bueden, well eng Dusch ca. 50 Liter Waasser brauch, wärend vir e Bad ronn 200 Liter gebraucht ginn
  • D’Toilette mat enger 6-Liter-Spülung equipéieren
  • Spullmaschinnen a d'Wäschmaschinnen nëmme lafe loossen, wann se voll sinn
  • Reewaasser fir d’Gäert benotzen
  • Autowäschen aschränken – eng Autowäsch verbraucht tëschent 200 a 300 Liter Waasser

 


Glossar

Bakteriologesch Qualitéit
D’bakteriologesch Qualitéit vum Waasser gëtt duerch reegelméisseg Analysen op Bakterien iwwerpréift, deenen hir Präsenz am Drénkwaasser op eng Kontaminatioun hiweist.

Häert
D’Häert vum Waasser entsprécht dem Gehalt u Kalzium- a Magnesiumsalzer, déi natierlech am Waasser enthale sinn. Si gëtt a Graden ausgedréckt a variéiert tëschent 0° a 50°.

Nitrater
Nitrater kommen natierlech an de Biedem an am Waasser vir. Ze héich oder net kontrolléiert Düngerapporte féieren zu enger Erhéijung vum Nitratgehalt an de Ressourcen. Fir vu schwanger Fraen an Neigebuerene konsuméiert ze kënne ginn, däerf d’Waasser net méi wéi 50 mg Nitrat pro Liter enthalen.

Pestiziden
D’Präsenz vu Pestiziden am Waasser staamt vun engem falschen oder exzessive Gebrauch vu Mëttelen, déi fir d’Recolte ze schützen oder fir Onkrautbekämpfung agesat ginn. Verschidde Pestizide ginn als verdächteg ugesinn a kënne Gesondheetsgefäerdungen duerstellen, wann se iwwer eng ganz Liewensdauer konsuméiert ginn. De gesetzleche Wäert vun 0,1 mg/l ass méi niddreg wéi déi bekannt Toxizitéitsgrenzen.

Fluor
Fluor ass e Spuerenelement, dat natierlech am Waasser virkënnt. Moderat Dosen si gesondheetsfërderlech. Eng gesetzlech Limitt vun 1,5 mg/l gouf festgeluecht, fir de Risiko vun Dentalfluorose  (Flecken um Zännemail) ze verhënneren. D’Waasser aus dem ëffentlechen Netz huet am Duerchschnëtt e Fluorgehalt vun 0,083 mg/l. E weideren Zousaz vu Fluor ka vun engem Dokter  ugeroden ginn.


FAQ : https://eau.gouvernement.lu/fr/ressources-en-eau/eau-potable/faq.html