Déi 10 Gemengen aus dem Kanton Réiden hunn 2013 de Klimapakt ënnerschriwwen.
D’Zil ass et, eis natierlech Ressourcë besser ze schützen an d’Treibhausgasemissioune am ganze Kanton Réiden ze reduzéieren.
Dëst geschitt duerch :
- eng méi effizient Notzung vun der Energie,
- méi erneierbar Energien.
An all Gemeng ass en Klimateam aktiv, wou politesch Vertrieder, Mataarbechter aus der Verwaltung an och Bierger mat dobäi sinn.
An dësem Klimateam ginn d’Moossname fir de Klimaschutz an der Gemeng ausgeschafft.