Reglement Late Night Bus Atert - Nordspëtzt - Nordstad eroflueden
D’«Late Night Bus Norden asbl.» stellt an enker Zesummenaarbecht mat de Jugendclibb aus de Regiounen «Atert», «Nordspëtzt», «Nordstad», logistesch ënnerstëtzt duerch d'Entreprisë vun P&T Luxembourg, an duerch finanziell Hëllef vun de Gemengen an dem Ministère fir Transport d'Organisatiounsstruktur vum LNB duer.
An de Regiounen «Atert», «Nordspëtzt» an «Nordstad» gi jäerlech méi wéi 100 Manifestatioune vum Typ «Bal» vum Late Night Bus bedéngt, deen all Joer tëscht 30 000 a 35 000 Passagéier transportéiert. Déi (fräiwëlleg!) Organisatioun vum Late Night Bus setzt eng Zesummenaarbecht vu méi wéi 200 Partner a Sponsore viraus (www.latenightbus.info).
D’Reglement vum Late Night Bus, zesumme vun de Jugendclibb an de Gemengen ausgeschafft, huet den Zweck de Clienten e qualitativ héichwäertege Service ze garantéieren. De Succès vum Late Night Bus hänkt an engem grousse Mooss vun enger strenger Organisatioun of. Am Interessi vun allen, Passagéier a Bal-Organisateuren, biede mir Iech dëst Reglement strikt anzehalen. Merci am Viraus!
Reservéiert den Night Rider : https://www.nightrider.lu
De Projet Bummelbus bitt senge Cliente elo d'Geleeënheet, sech direkt um Internetsite www.bummelbus.lu vir periodesch oder eenzel Trajeten unzemellen.