Geschicht vu Réiden

Wopen

armoirie-redange

Ministeriell Uerdnung vum 27. Februar 1989 iwwer d'Wope vun der Gemeng Réiden/Atert, publizéiert am Mémorial B-N° 13 vum 14.März 1989, Säit 366.

Beschloss vum Gemengerot Réiden/Atert vum 22. Dezember 1988 - Avis vun der heraldescher Kommissioun - Artikel 7 vum Gesetz vum 23. Juni 1972 iwwert national Wopen.

De Wopen vun der Gemeng Réiden/Atert stellt sech wéi follegt duer: "Rout a wäiss gesträift matt engem bloe queesch lafende Band op dem dräi gëlle Stären ofgebillt sinn". Ënnert dem Alen Regime waren d'Territore vun der aktueller Gemeng haaptsächlech vun de Grondhären vu Simmer, Giisch a spéider vun Aansebuerg ofhängeg.

De Wope baséiert awer op enger spéider Versioun vun dem vun de Grondhären vun Useldeng, déi Nokomme vun Esch-Sauer waren, an déi dee selwechte Wopen haten. Spéider huet Useldeng dëse Wope verännert, fir d'éischt heiansdo mat engem rouden a meeschtens awer mat engem bloe Band. Duerno ass dat blot Band mat dräi gëllene Flanchisë versat ginn. Dës Flanchisë, déi wéinst hirer relativer Raritéit schlecht verstane gi sinn, si spéider duerch Stären ersat ginn (normalerweis mat sechs, awer och mat fënnef oder souguer véier Aarm).

Wärend der zweeter Hallschent vum nonzéngte Joerhonnert gouf dëse falsche Wope vun Useldeng mat dem Kanton Réiden a spéider mam Haaptuert vun dësem Kanton verbonnen. Dowéinst gouf de Wopen zanterhier allgemeng mat der Gemeng Réiden verbonnen an als Wope vun der Gemeng ugesinn. D'Entscheedung vum Gemengerot, dëse Wopen offiziell ze maachen, huet also nëmmen eng méi wéi honnert Joer al Traditioun bestätegt.

Réiden gehéiert zu den originale Gemengen, déi am Ufank vum nonzéngte Joerhonnert gegrënnt goufen.

Am Amorial Medinger gëtt zu deenen dräi Flanchisë festgehalen, datt " ... de Bertholet Schold un dësem Feeler dréit ... ."
Dës Flanchisë ginn awer och a aneren Armorialen genannt, déi virum Bertholet verëffentlecht goufen (besonnesch Blanchart a Pierret). Ausserdeem ginn se och am Armorial vum Fonds HOUWAERT (Bibliothèque Nationale Bruxelles) an am Ms Français, 24921 (Bibliotheque Nationale Paris) erwäänt. Dës speziell Ännerung war also déi vun den Useldeng, an et sinn d'Stären, déi eigentlech de Feeler duerstellen (vgl. Loutsch, Armorial du Pays de Luxembourg, v° Useldange).

Geschicht

Duerch Dekret vum 1. Oktober 1795 (9 vendémaire Joer IV) goufen Holland an d'Belsch mat Frankräich vereenegt an an néng Departementer opgedeelt. De Friddensvertrag vu Campo Formio huet d'Annektioun vum Herzogtum Lëtzebuerg ënner dem Numm "Departement des Forêts" bestätegt. Ufanks a 37 Kantonen opgedeelt, gouf d'Bëschdepartement am Oktober 1796 a 26 Kantonen opgedeelt. Den neie Kanton Osper war d'Resultat vun der neier Ënnerdeelung vun 1796. Dësen huet sech iwwert den Territoire vun de fréiere Kantone Rammerech an Useldeng erstreckt a seng Grenzen Norden, Osten a Süden entspriechen deene vum aktuelle Kanton Réiden. Och wann de Kanton Osper schonn zanter 1796 existéiert huet, gëllt de 6. Mäerz 1803 als offizielle Grënnungsdag.


Um 6 Mäerz 1802 goufe véier zousätzlech Arrondissementer am Departement vun de Bëscher gegrënnt. De Bëschdepartement gouf an 28 Kantonen ënnerdeelt.

Sou gouf d'Osper d'Haaptuertschaft vum Kanton an ass bis haut de Sëtz vum Dekanat vun Osper.

Duerch eng Uerdnung vum 12. Oktober 1841 huet Réiden Osper als Haaptuertschaft vum Kanton ersat.

Den aktuelle Kanton Réiden ëmfaasst 10 Gemengen, d.h. Biekerech, Biebereg, Ell, Groussbus, Rammerech, Réiden, Sëll, Useldeng, Viichten a Wal.