Bildungs- a Betreiungsservice Beiestack

Beiestack-2

Kontaktdate vum S.E.A. Beiestack

Beiestack-1

11-C Grand-rue, L8510 Redange/Attert

Tél.: 26 62 49-1

E-Mail : bureau.sea@redange.lu

Web : www.beiestack.lu

Chèque-service accueil

Fir vum Chèque-service accueil ze profitéieren, musse Kanner:

  • méi jonk wéi 13 Joer sinn an/oder;
  • d’Grondschoul nach net ofgeschloss hunn.

Fir de Vertrag vir de Chèque-service accueil ofzeschléissen, sidd Dir gebieden, bei der Gemeng Réiden/Atert laanscht ze kommen (oder andeems Dir d’Dokumenter per E-Mail un d'Adress population@redange.lu oder per Post schéckt).

D’Erneierung vom Vertrag muss all Joer an der Wunnsëtzgemeng gemaach ginn. Dëst ass onëmgänglech, fir vun de Virdeeler vum Chèque-service accueil ze profitéieren. Wann de Kontrakt net verlängert gëtt, ginn d’Leeschtunge vum Chèque-service accueil automatesch no dem Maximaltarif verrechent, nodeems de Kontrakt ausgelaf ass.

Wéi eng Dokumenter musse bei der Demande vun der CSA agereecht ginn?

  • D’national Identifikatiounsnummer (Matricule) vum Kand
  • Steierbescheed vun deenen 2 Persounen aus dem Haushalt, an deem d’Kand lieft (bestuet, PACS, Liewensgemeinschaft, Patchwork-Famill), respektiv vun den Elengerzéienden

ODER

  • Akommeszertifikat ausgestallt vun der Steierverwaltung (falls keng aktuell Steiererklärung virläit) vun deenen 2 Persounen aus dem Haushalt, respektiv vun den Elengerzéienden.

ODER

  • Lescht jäerlech Salaire-, Pensioun-, Chômage- oder CSS-Bescheinegung, mat enger Attestatioun*, datt de/dei Deklarant/in net steierflichteg ass

ODER

  • Déi lescht 3 Paiziedelen (resp. Fichë vun der ADEM am Fall vu Chômage, Fichë vun der CNS am Fall vu Congé de maternité oder Fichë vun der Zukunftskees am Fall vu Congé parental) vun de 2 Persounen aus dem Haushalt, respektiv vun den Elengerzéienden, mat enger Attestatioun*, datt keng Steiererklärung erfuerdert ass.
     

*Fir d’Attestatioun ze kréien, wend Iech un:
Administration des contributions directes Redange
74, Grand-Rue
L-8510 Redange/Attert
Tel : 247-52488

ODER

  • Zertifikat datt eng vun de 2 Persounen am Haushalt, respektiv den Elengerzéienden, de RMG (Revenu minimal garanti)/REVIS kritt + leschten Auszuch vum Bankkonto.

ODER

  • Falls näischt dovunner virläit: all aner Dokumenter déi d’aktuellt Akommes beleeën.
  • Ënnerhalt: d’Urteel iwwert den Ënnerhalt plus déi 3 lescht Kontenauszich als Noweis vun der Bezuelung

Et ass méiglech een CSA ouni Informatiounen zum Akommes ze kréien.

An deem Fall ginn d’Leeschtungen automatesch nom Maximal-Tarif verrechent.

 

 

Fir weider Informatiounen: www.staarkkanner.lu